Test vum nationale Warnsystem: Test-Noriicht op d'GouvAlert-App, zonal Warn-SMS a Sirenen

Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 1. August 2022, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sirenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun engem Test-Warnmessage iwwert d'GouvAlert-App, sou wéi enger Warn-SMS bannent enger bestëmmter Zon.

Vun e Méindeg un, gëtt all Mount eng Test-Noriicht un d'User vun der GouvAlert-App geschéckt. Et sief drop higewisen, dass en Update vun der GouvAlert.lu-App an de Store vun Apple a Google Play verfügbar ass. Notzer vun der App, déi keng automatesch Updates vun der App op hirem Smartphone aktivéiert hunn, kënnen déi nei Versioun vun der GouvAlert-App an deem Store eroflueden, vu wou si och d'App hunn.

Déi zonal Warn-SMS, déi verschéckt gëtt, betrëfft d'Bevëlkerung, déi sich

Et sief drop higewisen, datt nëmmen déi Leit, deenen hiren Handy am Ament vun der Alerte mat enger Handysantenn aus den Zonen, déi uewen opgezielt sinn, verbonne ass, dës SMS wäerte kréien: "LU-ALERT / ALERTE TEST / NO ACTION REQUIRED / AUCUNE ACTION REQUISE / KEINE HANDLUNG ERFORDERLICH / INFOS: MINT.PUBLIC.LU"

Et sief ervirgehuewen, dass am Kader vun den Tester vum Warnsystem fir d'Bevëlkerung keng perséinlech Donnéeë vum Staat gesammelt oder stockéiert ginn. Dobäi kënnt, dass, fir sécherzestellen, dass déi reell an d'Test-Warnmessagen ausenee gehale ginn, de Passage "No action required / Aucune action requise / Keine Handlung erforderlich" just an den Testmessagen ernimmt gëtt.

Et sief nach preziséiert, datt tëschent dem Verschécken an dem Erhale vum Testmessage eng bestëmmten Zäit ka vergoen, wat erkläert, datt net all d'Bierger de Message zum selwechten Zäitpunkt kréien. Et geet een dovunner aus, datt keen eenzelen Kommunikatiounskanal eng honnertprozenteg Ofdeckung kann erreechen. Fir awer op eng zefriddestellend Ofdeckung ze kommen, gëtt dorunner erënnert, datt d'Regierung sech fir eng Approche mat verschiddene Kanäl entscheet huet, wat schlussendlech dozou féiere wäert, datt esou vill Leit wéi méiglech kënnen erreecht ginn an deem een d'Stäerkte vun de verschiddene Kommunikatiounskanäl kombinéiert. ​

D'Zil vun dësem Test ass et, sech vun der Fonctionalitéit vun de verschiddene Warnkanäl z'iwwerzeegen, eventuell verbesserungswierdeg Punkten z'identifizéieren an, virun allem, d'Biergerinnen a Bierger fir d'Benotze vun de Warnkanäl ze sensibiliséieren. D'Teststrategie, déi laangfristeg a reegelméisseg soll duerchgespillt ginn, huet zum Zil, zur Widderstandsfäegkeet vun der Populatioun bäizedroen am Hibléck op Nout- oder Krisefäll, déi en Impakt op d'ëffentlech Sécherheet kéinten hunn.

Virum Hannergrond vun der konstanter Suerg no Verbesserung ginn d'Destinatairen dozou invitéiert, der Regierung hiren eventuelle Feedback op d'Adress:lu-alert@mi.etat.lu ze schécken.

Communiqué vum Staatsministère, dem Inneministère an dem Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN)

Aktualiséiert