Onlineconsultatioun iwwert den Alldag an der Gemeng

Am Kader vun der Reform vum Gemengegesetz, huet d'Inneministesch Taina Bofferding am Juli 2019 en Participatiounsprozess an d'Liewe geruff. An enger éischter Phas, hunn d'RepresentantInnen aus dem Gemengesecteur u 6 Regionalforen deelgeholl déi am ganze Land stattfonnt hunn.

©MINT

Déi lokal Administratioun sou wéi d'Zesummeliewen an der Gemeng betreffen awer virun allem och d'BiergerInnen. Aus dësem Grond lued d'Ministesch all d'BiergerInnen an, un enger Onlineconsultatioun iwwert hiren Alldag an der Gemeng Deel ze huelen.

Vum 28. November un a während 6 Wochen, kënnen d'BiergerInnen an dëser Consultatioun hir Meenung zu de Servicer an dem Zesummeliewen an der Gemeng, matdeelen. Déi Leit déi drun intresséiert sinn, sech nach weider mam Sujet ze beschäftegen, hunn d'Méiglegkeet sech bei der Onlineconsultatioun fir en Bierger Workshop anzeschreiwen, deen den 18. Januar 2020 stattfanne wäert. Dëse Workshop soll dozou dengen d'Resultater an d'Iddien aus der Onlineconsultatioun zesumme mat de BiergerInnen ze diskutéieren.

 

Communiqué vum Inneministère

Aktualiséiert