Taina Bofferding ënnerstëtzt d'Ofschafe vun der 80/80/90 Reegel am Gemengesecteur

"D'Ofschafe vun der sougenannter 80/80/90-Reegel am Gemengesecteur kann zäitgläich mat der Reform an der Fonction Publique a Kraaft trieden. D'Gemenge kréien d'Méiglechkeet, fir de betraffene Stagiairen hir Suen nach dëst Joer ausbezuelen ze kënnen!"

D'Inneministesch, Taina Bofferding, huet dës Noriicht de 26. November 2019, wärend der Versammlung vun der Zentralkommissioun aus dem Gemengesecteur annoncéiert.

D'Vertrieder vum Syvicol an de Syndicate goufen iwwer d'Fortschrëtter vun de legislativen a reglementairen Aarbechten, fir d'Transpositioun vum Accord salarial an der Fonction publique informéiert.

Nodeems d'Chamber d'Texter fir de staatleche Secteur adoptéiert huet a wéinst dem Prinzip dass Gemengebeamten a Fonctionnairë mat deene vum Staat gläichgestallt si wat d'Gehalt ugeet, kënnen déi Texter déi de Gemengenniveau betreffe parallel mat deenen déi d'Staatsbeamten a Fonctionnairen uginn a Kraaft trieden. Doraus geet ervir dass Gemengebeamten a Fonctionnairen déi vum Ofschafe vun der 80/80/90 Reegel betraff sinn, an dat retroaktiv op den 1. Januar 2019, scho virum Enn des Joers dovu profitéiere kënnen.

Zweetens, d'Reduktioun vum Stage vun 3 op 2 Joer, gëllt vun deem Moment un, wou déi nei Texter an der Chamber gestëmmt gi sinn. Et gëtt awer dorun erënnert dass och des Mesure retroaktiv op den 1. Januar 2019 applizéiert gëtt.

D'Zentralkommissioun ënnerstëtzt dës Weideren déi nei Dispositioune vun der Formatioun wärend der Stagezäit, wéi och wärend der Formatioun am Ufank vun der Gemengebeamtekarriär.

 

Communiqué vum Inneministère

Aktualiséiert