Inneministère // D’Lëtzebuerger Regierung
Kompetenzberäich
De Kompetenzberäich vum Inneministère ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.
D’Haaptmissioune vum Ministère betreffen déi kommunal Ugeleeënheeten, d'Gemengefinanzen, d'Kommunalplanung an d’städtesch Entwécklung, d'Kontroll vun der Gemengecomptabilitéit, d’zivill Sécherheet, d'bannenzeg Sécherheet, d'Immigratioun an déi international Protektioun.
-
Test vum nationale Warnsystem: Onugekënnegten Test vun den zonale Warn-SMSen
En net ugekënnegte zonalen Testwarnmessage ass haut, um 22. Mäerz 2024, um Territoire vu follgende Gemenge verschéckt ginn: Déifferdeng, Péiteng, Käerjeng, Suessem, Buerschent, Tandel, Dikrech, Ierpeldeng-Sauer, Ettelbréck, Schieren, Colmer-Bierg a Bettenduerf.
-
D'breet Ëffentlechkeet gëtt opgeruff den zukünftege Warnsite "lu-alert.lu" ze bewäerten
Den Inneminister Léon Gloden lancéiert d'Testphas wärend enger Pressekonferenz
-
Test vum nationale Warnsystem: Sireenen a Message iwwer d'GouvAlert App
D'Regierung wäert e Méinden den 5. Februar 2024 d'Ëmsetzung vun hirer Strategie fir d'Warn- an Informatiounssystemer fir d'Bevëlkerung ze teste weiderféieren, andeems si den Test vun de Sireenen an der App GouvAlert duerchféiere wäert.
-
En Dampmelder ka Liewe retten! Den Inneministère erënnert un d'Installatiounsflicht
Ee Joer nom Akraafttriede vum Gesetz, nodeem d'Bewunner vun engem Gebai verflicht sinn en Dampmelder an de Fluchtweeër an an de Schlofkummeren z'installéieren, erënnert den Inneminister Léon Gloden nach eemol un d'Wichtegkeet vun dëser Moossnam: "Duerch dësen techneschen Tool kann e méigleche Brand sou fréi wéi méiglech detektéiert ginn. En ass zougänglech, a kann all Betraffene warnen a schützen."
-
Sensibiliséierung iwwert d'Riske vu Vegetatiouns- a Bëschbränn
Am Kader vun der nationaler Plattform fir d'Reduktioun vu Katastropherisiken, déi vum Inneministère geleet gëtt, huet den Aarbechtsgrupp "Vegetatiouns- a Bëschbränn", deen aus Experte vun de verschiddene kompetenten Autoritéite besteet, Verhalensreegelen opgestallt, déi wärend der Vegetatiouns- a Bëschbrandsaison anzehale sinn.
-
Test vum nationale Warnsystem: Sireenen a Message iwwer d'GouvAlert App
D'Regierung wäert e Méinden den 3. Juli d'Ëmsetzung vun hirer Strategie fir d'Warn- an Informatiounssystemer fir d'Bevëlkerung ze teste fortsetzen, andeems si den Test vun de Sireenen an der App GouvAltert duerchféiere wäert.