Inneministère // D’Lëtzebuerger Regierung
Kompetenzberäich
De Kompetenzberäich vum Inneministère ass am Arrêté grand-ducal portant constitution des ministères festgehalen.
D’Haaptmissioune vum Ministère betreffen déi kommunal Ugeleeënheeten, d'Gemengefinanzen, d'Kommunalplanung an d’städtesch Entwécklung, d'Kontroll vun der Gemengecomptabilitéit an d’zivill Sécherheet.
-
D'Gemengefinanze bleiwe resilient an d'Gemenge belaaschtbar!
3 Méint nom viregte "Conseil supérieur des finances communales" ass de Constat an där jéngster Réunioun vun haut deeselwechte gewiescht, nämlech dass d'Finanzsituatioun vun de Gemengen dynamesch, awer global gesi stabel ass!
-
Test vum nationale Warnsystem: zonal Warn-SMS a Sirenen
Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 6. Juni 2022, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sirenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun engem Test-Warnmessage, deen dës Kéier awer nëmmen an enger bestëmmter Zon getest gëtt.
-
Nei Gemengegrenzen tëscht Bäerdref a Konsdref: Kalkesbaach gehéiert an Zukunft ganz zu Bäerdref
D'Inneministesch Taina Bofferding begréisst, dass de Gesetzprojet iwwer nei Grenzen tëscht de Gemenge Bäerdref a Konsdref säi legislative Wee an der Chamber ka goen.
-
Sot "Jo" op an zu der richteger Plaz! - Bestietnisser oder zivil Partnerschafte ginn och op anere Plaze wéi dem Gemengenhaus méiglech
De Moien hunn d'Inneministesch Taina Bofferding an d'Justizministesch Sam Tanson déi nei a méi modern Modalitéite fir d'Organisatioun vun engem Bestietnis oder enger Partnerschaft (PACS) virgestallt.
-
Sozial Dialog am Gemengesekteur: d'Taina Bofferding diskutéiert mat de Sozialpartner aus der Commission centrale iwwert d'Opwäertung vun der Karriär vum Agent municipal
Am Kader vum Gesetzprojet iwwert d'Sanctions administratives ass jo eng Kompetenzerweiderung vun den Agents municipaux virgesinn. Sou solle si an Zukunft virun allem e Proximitéitsservice ubidden, fir d'Zesummeliewen an de Gemengen ze favoriséieren an awer och eng Rei Protokoller bei Infraktioune géint déi generell Policereglementer vun de Gemenge schreiwe kënnen.
-
Test vum nationale Warnsystem: Warn-SMS a Sirenen
Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun schéckt d'Regierung de Méinden, 2. Mee 2022, eng Test-Warn-SMS un d'ganz Bevëlkerung.