Inneministère // D’Lëtzebuerger Regierung
Kompetenzberäich
De Kompetenzberäich vum Inneministère ass am Arrêté grand-ducal portant constitution des ministères festgehalen.
D’Haaptmissioune vum Ministère betreffen déi kommunal Ugeleeënheeten, d'Gemengefinanzen, d'Kommunalplanung an d’städtesch Entwécklung, d'Kontroll vun der Gemengecomptabilitéit an d’zivill Sécherheet.
-
Nei Gemengegrenzen tëscht Bäerdref a Konsdref: Kalkesbaach gehéiert an Zukunft ganz zu Bäerdref
D'Inneministesch Taina Bofferding begréisst, dass de Gesetzprojet iwwer nei Grenzen tëscht de Gemenge Bäerdref a Konsdref säi legislative Wee an der Chamber ka goen.
-
Sot "Jo" op an zu der richteger Plaz! - Bestietnisser oder zivil Partnerschafte ginn och op anere Plaze wéi dem Gemengenhaus méiglech
De Moien hunn d'Inneministesch Taina Bofferding an d'Justizministesch Sam Tanson déi nei a méi modern Modalitéite fir d'Organisatioun vun engem Bestietnis oder enger Partnerschaft (PACS) virgestallt.
-
Sozial Dialog am Gemengesekteur: d'Taina Bofferding diskutéiert mat de Sozialpartner aus der Commission centrale iwwert d'Opwäertung vun der Karriär vum Agent municipal
Am Kader vum Gesetzprojet iwwert d'Sanctions administratives ass jo eng Kompetenzerweiderung vun den Agents municipaux virgesinn. Sou solle si an Zukunft virun allem e Proximitéitsservice ubidden, fir d'Zesummeliewen an de Gemengen ze favoriséieren an awer och eng Rei Protokoller bei Infraktioune géint déi generell Policereglementer vun de Gemenge schreiwe kënnen.
-
Test vum nationale Warnsystem: Warn-SMS a Sirenen
Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun schéckt d'Regierung de Méinden, 2. Mee 2022, eng Test-Warn-SMS un d'ganz Bevëlkerung.
-
D'Gemenge kruten 2021 iwwer 200 Millioune méi wéi virun der Pandemie geschat!
D'Finanzsituatioun vun de Gemengen ass dynamesch, awer global gesi stabel: dat war de Constat, haut, am Conseil supérieur des finances communales am Inneministère.
-
D'Taina Bofferding ënnerstëtzt d'Gemenge Bus a Waldbriedemes aktiv an hire Fusiounsbestriewungen
Eppes méi wéi 2 Woche virum Referendum vum 3. Abrëll war en Donneschden den Owend zu Bus eng lescht grouss Informatiounsversammlung zur geplangter Fusioun vu Bus a Waldbriedemes.