D'Gemengefinanze bleiwe resilient an d'Gemenge belaaschtbar!

3 Méint nom viregte "Conseil supérieur des finances communales" ass de Constat an där jéngster Réunioun vun haut deeselwechte gewiescht, nämlech dass d'Finanzsituatioun vun de Gemengen dynamesch, awer global gesi stabel ass!

D'Inneministesch huet dem "Conseil supérieur des finances communales” d'Schätzunge vun der kommunaler Gewerbesteier a vum Fonds de dotation globale des communes fir 2023 bis 2025 presentéiert. Ënnert dem Stréch ginn d'Zuelen an déi richteg Richtung.

A puncto Dépensen huet de Conseil och iwwert d'Thematik vun der Präisdeierecht geschwat, déi de rezente globalen Entwécklunge geschëlt ass. Hei gëtt och weider op de MINT-Board[1] gesat, de Luuchtesystem zur finanzieller Gesondheet vun de Gemengen. Aus dësem geet ervir, dass déi global Finanzsituatioun am gringe Beräich ass. Am Kader vu speziellen Demanden huet d'Ministesch Taina Bofferding och un d'Gemengefinanzberodungen erënnert, mat deenen d'Expären aus dem Intérieur de Gemenge bei alle finanzielle Froen zur Säit stinn. Bis d'Summervakanz sinn nach 3 fix Rendez-vouse virgesinn an der zwee weiderer festzeleeën.

Glossaire:

[1] De MINT-Board erlaabt mat engem Luuchtesystem e Bléck op all eenzel Gemeng vum Land an op Parametere wéi de Scholdestand, d'Liquiditéiten oder d'Annuitéiten an erméiglecht e globale wéi och en individuellen Bléck op déi 102 Gemengen am Land.

Communiqué vum Inneministère

Aktualiséiert