Nei Gemengegrenzen tëscht Bäerdref a Konsdref: Kalkesbaach gehéiert an Zukunft ganz zu Bäerdref

D'Inneministesch Taina Bofferding begréisst, dass de Gesetzprojet iwwer nei Grenzen tëscht de Gemenge Bäerdref a Konsdref säi legislative Wee an der Chamber ka goen.

Dëse Projet de loi gesäit vir, dass verschidde Fläche vun där enger Gemeng un déi aner ofgetruede ginn: Deemno iwwergëtt Bäerdref Konsdref 338,73 Ar, iwwerdeems Konsdref Bäerdref 347,93 Ar iwwerléisst. Op Grond vun deem Gebittstosch gëtt d'Lokalitéit Kalkesbaach Deel vun der Gemeng Bäerdref an ass doduerch net méi an zwee gespléckt: Bis elo goufen d'Infrastrukture vu Kalkesbaach nämlech vu béide Gemenge géréiert. D'administrativ Gestioun vu Kalkesbaach gëtt heiduerch, z.B. wat den Offall an d'Waasserversuergung ugeet, wesentlech vereinfacht.

Am Hierscht 2021 - Enn September (Konsdref) an Ufank Oktober (Bäerdref) - haten d'Gemengeréit deem Gebittstosch offiziell zougestëmmt.

Communiqué par le Inneministère

Aktualiséiert