Sozial Dialog am Gemengesekteur: d'Taina Bofferding diskutéiert mat de Sozialpartner aus der Commission centrale iwwert d'Opwäertung vun der Karriär vum Agent municipal

Am Kader vum Gesetzprojet iwwert d'Sanctions administratives ass jo eng Kompetenzerweiderung vun den Agents municipaux virgesinn. Sou solle si an Zukunft virun allem e Proximitéitsservice ubidden, fir d'Zesummeliewen an de Gemengen ze favoriséieren an awer och eng Rei Protokoller bei Infraktioune géint déi generell Policereglementer vun de Gemenge schreiwe kënnen. 

©MINT Photo de groupe
Photo de groupe

Dofir mussen d'Gemengenagenten och spezifesch Formatioune maachen. Fir hirer neier Roll an Zukunft Rechnung ze droen, hunn d'Sozialpartner aus dem Gemengesekteur haut iwwert d'Opwäertung vun der Karriär vun den Agentinnen an Agenten diskutéiert.

D'Inneministesch, Taina Bofferding, huet hir Propose virgestallt a betount: "Déi nei Verantwortung, déi d'Agents municipaux iwwerhuelen, fir d'Zesummeliewen an den Noperschaften ze verbesseren, musse mär och mat neie Formatioune begleeden. Natierlech soll sech déi nei Roll och an hirer Karriär erëmspigelen."

D'Propositioun vun der Inneministesch gesäit vir, dass d'Karriär vum Agent municipal vun der Karriär D2 an d'Karriär D1 reklasséiert gëtt. Donieft ginn och eenzel Primmen adaptéiert, wéi d'Prime d'astreinte an d'Prime de risque. D'Formatioun gouf zesumme mat der ASAM (Association des agents municipaux) an der Police ausgeschafft fir eng gutt Kollaboratioun z'assuréieren an de Besoine vum Terrain gerecht ze sinn.

Donieft huet d'Commission centrale och iwwert d'Upassungen am Enseignement musical geschwat, déi nach musse gemaach ginn, wéi och iwwert d'Reform vun der Formation spéciale vun de Gemengebeamtinnen a Gemengebeamten.

Méi Informatiounen zum Gesetzprojet iwwert d'Sanctions administratives op eisem Internetsite:

mint.gouvernement.lu

Communiqué par le ministère de l'Intérieur

Aktualiséiert