Interview de Dan Kersch avec RTL Radio Luxembourg

"Wa mir iwwert d’Trennung vu Kierch a Staat schwätzen, musse mir selbstverständlech och iwwert eng Trennung vu Kierch a Gemenge schwätzen"

Interview: RTL Radio Lëtzebuerg (Max Theis)

Max Theis: A mat him schwätze mir nach emol iwwert den Accord mat de Reliounsgemeinschaften, méi präzis d’Kierchefabriken. Dan Kersch, gudde Moien.

Dan Kersch: Gudde Moien.

Max Theis: Wéi historesch ass dann deen Accord an Ären Aen?

Dan Kersch: Ech mengen, et kann ee scho soen, datt dëst en historeschen Accord ass, dee mir hei fonnt hunn. E betrefft jo u sech 3 Sailen, engersäits d’Fro vun der Finanzéierung vun de Kierchen, anerersäits déi vum Reliounsunterrecht an als drëtte Sail dann déi vun de Kierchefabriken, wou och eng ganz Rei vu Froen opstoungen.

Mä en ass ni lassgeléist gekuckt gi par rapport zu deene Froen déi sech och um Verfassungsniveau stellen, nämlech déi vun der Bezuelung vun de Paschtéier – den Artikel 106 – an och den Artikel 22, dat war ëmmer Bestanddeel vun den Diskussiounen déi mir gefouert hunn. An och do hu mir jo lo hei Arrangementer fonnt.

An den Accord weist am Fong geholl och, wéi séier een, souguer och als Partei, vun de gesellschaftleche Realitéite kann ageholl ginn. Ech kucken d’CSV, déi bis viru Kuerzem gesot hunn, Veto praktesch gemaach hu bei där Fro vun der Bezuelung vun de Paschtéier déi an der Verfassung steet, a lo ganz séier hei e Réckzéier gemaach hunn. An ech sinn och frou, datt se dee Réckzéier gemaach huet, well et eis erlaabt eng ganz Rei vu Leit mat an deen Zuch hei an d’Zukunft ze huelen, wou mir eben déi Relatiounen tëschent Kierch a Staat nei regelen.

An ech kann nëmmen hoffen, datt d’CSV och an enger anerer Fro, déi menger Meenung no mindestens genau sou wichteg ass, bereet ass sech ze bewegen, nämlech an där vum Awunnerwahlrecht. Ech hat jiddwerfalls den Androck, datt d’kathoulesch Kierch an där doter Fro, déi ech elo mat hinnen a ganz enkem Kontakt stoung mat der Kierch, och an där Fro vill méi wäit ass wéi d’CSV, oder wéi eenzel Hardliner an der CSV zumindest.

Max Theis: Spiert Dir dann do Bewegung an der CSV?

Dan Kersch: Et huet ee jo och an der CSV scho matkritt, datt eenzel Leit sech zu Wuert gemellt hunn, déi der Meenung sinn, datt d’CSV sollt eng aner Positioun an där doter Fro anhuelen, an ech kann dat nëmme begréissen.

Max Theis: Deen Dossier, oder dee Volet deen Iech jo besonnesch concernéiert ass dee vun de Kierchefabriken. Déi sinn iwwer 200 Joer al. En uralen Dekret also. Gëtt et héich Zäit déi ofzeschafen?

Dan Kersch: Bein, Dir sot et, den Dekret ass vun 1809, also mir sinn elo iwwert 200 Joer duerno. Selbstverständlech sinn do eng Rei vun Anachronismen dran, an et gëtt wierklech Zäit deen ofzeschafen. A wa mir iwwert d’Trennung vu Kierch a Staat schwätzen, musse mir selbstverständlech och iwwert eng Trennung vu Kierch a Gemenge schwätzen.

A mir probéieren eben duerch d’Ofschafung vun deem Dekret d’Gemengen aus där Verantwortung eraus ze huelen, déi se am Moment hunn, fir datt se missten fir all Kierchen déi op hirem Territoire sinn, praktesch opkommen, d’Defiziter vun de Kierchefabriken decken. An deen anere Volet dovunner ass jo, datt se mussen e Paschtoueschhaus zur Verfügung stellen. Ech mengen, dat si Saachen déi haut net méi zäitgeméiss sinn an déi musse fort. An dofir sinn ech frou, datt mir och hei an dëser Fro en Arrangement fonnt hunn.

Max Theis: Et ass jo bal onméiglech eraus ze fannen, wiem genee déi ronn 500 Kierchen am Land gehéieren. Elo wëllt Dir Kloerheet schafen. Et gëtt e Fong, wou potentiell alleguer déi Kierche kënnen dra kommen, op Wonsch vun der Kierch. Da musse si se och selwer ënnerhalen. An de Verhandlunge war ee Moment vun 30 Kierche Rieds. Dat wier jo absolut wéineg.

Dan Kersch: Dir sot et: et geet dorëms fir endlech Kloerheet ze schafen, wiem d’Kierchen da gehéieren. An deenen allermeeschte Fäll wësse mir dat net, well et keng Titres de propriété ginn. An hei probéiere mir elo iwwert de legislative Wee eng Kéier Kloerheet ze schafen. Engersäits e Fong ze maachen, wou all déi Kierchen dra sinn déi der kathoulescher Kierch dann och gehéieren. Wa si hir gehéieren, kënne si selbstverständlech driwwer verfügen a si mussen dann awer och fir den Ënnerhalt opkommen. Mat där Aschränkung, datt se se nëmmen dierfen huele fir den Exercice vun de Culten. Si dierfen also kee kommerziellen Usage dovunner maachen.

An op där anerer Säit d’Gemengen, déi da ganz kloer an d’Proprietéit vun de Gemengen iwwerginn, wou d’Gemengen dann awer och kënnen driwwer verfügen an och kënnen decidéieren wa domat geschitt an am Ëmkehrschluss dann natierlech och mussen dofir opkommen.

Max Theis: Et gi Leit déi soen, dee Sträit wär virprogramméiert, wat déi dote Froen ugeet.

Dan Kersch: Also, Dir hutt gesinn, datt mir et fäerdeg bruecht hunn um nationalen Niveau hei zu gudde Resultater ze kommen. A wann ee seet, Sträit wär virprogramméiert, dann ënnerstellt ee jo am Fong deene Leit déi um lokalen Terrain Verantwortung droen, datt se manner Verhandlungsgeschéck hätten a manner Wëllen hätte fir sech ze arrangéieren, wéi dat um nationalen Niveau de Fall ass.

An ech mengen dat absolut net. Ech hu ganz vill Gespréicher gefouert mat Buergermeeschteren, déi mengen ech ganz verstänneg Léisunge wäerten ustriewen. An ech sinn iwwerzeegt, datt mir do zu gudde Resultater wäerte kommen, ëmsou méi wëll jo och en Intérieur an och de Bistum déi Verhandlunge wäerte begleeden. A mir wäerte probéieren hei mat gesondem Mënscheverstand a mam Respekt ee vis-à-vis vun deem aneren zu Léisungen ze kommen.

Max Theis: De Syndikat vun de Kierchefabriken, dee sech viru Kuerzem gegrënnt huet, de SYFEL, war gëschter Moien op dëser Plaz vertrueden. Deen huet bedauert, datt en net an d’Verhandlungen agebonne war. Wat sot Dir dann dozou?

Dan Kersch: Ech muss jo mol soen, datt de SYFEL, dee sech als Daachverband vun de Kierchefabrike gesäit, an de Verhandlungen an deem Sënn abezu war, andeem datt en Gespréicher mat der kathoulescher Kierch gefouert huet.

D’Kierchefabriken, an ech hat et virdru gesot, sinn iwwert e gesetzleche Wee geregelt. Oder iwwert den Dekret vun 1809 geregelt. Wat an der hiérarchie des normes dat nämmlecht ass wéi e Gesetz. An an deem Gesetz ass absolut net virgesinn, datt en Daachverband géif gegrënnt ginn.

Dat heescht also, fir eis konnt de SYFEL als Partner net a Fro kommen. Mir haten awer iwwerhaapt kee Problem, datt se an déi Verhandlunge mat abezu waren iwwert de Wee vun der kathoulescher Kierch. Mä fir de Staat konnte se als offizielle Partner net gëllen, well se eben eng gesetzlech Institutioun, wat d’Kierchefabrike sinn, an an deene Kierchefabrike sinn iwweregens och d’Gemenge vertrueden, duerch den Dekret vun 1809, well se do keng gesetzlech Basis hate si se fir eis als direkte Verhandlungspartner net a Fro komm.

Mä si hunn awer iwwert de Wee vum Bistum konnten hire Pefferkäerche bäileeën, an do hate mir och kee Problem domat.

Max Theis: Mä Gehéier hu se kee fonnt. Si wollten 1 Kierchefabrik pro Gemeng halen. Dat ass jo alles lo passé, oder?

Dan Kersch: Dat hänkt dovun of, wéi d’Kierch herno dee Fong, vun deem ech virdru geschwat hunn, wäert organiséieren.

Ech mengen, dee Fong dee gëtt jo iwwert de gesetzleche Wee geregelt. An an deem Accord dee mir fonnt hunn, steet dran, datt de Bistum fräi ass dee Fong esou ze organiséiere wéi hien et gär wëll. An do ass et parfaitement virstellbar, mä et hänkt awer net un eis, et hänkt un der kathoulescher Kierch, datt d’Kierchefabriken an enger anerer Form wéi se haut bestinn an deem Fong kënne matschwätzen, datt de lokalen Niveau do respektéiert gëtt. An ech ginn dovun aus, dat ass iwweregens den Androck deen ech hunn, datt dat och de Wëlle vun der Kierch ass.

Max Theis: Et ass jo sou, datt d’Kierchefabriken Ierfschafte kréien, Donen a sou weider. Dat heescht, do kéint een dann och déi lokal Gegebenheete berücksichtegen, datt ee seet, dat bleift awer och do. Mä dat ass dann d’Saach vun der Kierch, oder wéi?

Dan Kersch: Selbstverständlech. Ech mengen, déi Donen déi d’Kierchefabriken an der Vergaangenheet kritt hunn, ginn elo transferéiert an dee Fong, sou datt se u sech hirer ursprénglecher Destinatioun nach ëmmer kënnen zougesprach ginn. Datt ech do also kee gréissere Problem gesinn. Ech mengen net, datt mir do gréisser Problemer kréien.

Max Theis: Hutt Dir eng Ahnung, wéivill Verméigen do beienee kënnt?

Dan Kersch: Dat kënne mir am Moment net ofschätzen. Ech weess awer aus de Gespréicher déi ech mat der Kierch gefouert hunn, datt et eng Rei vu Kierchefabrike gëtt, déi nach [ondäitlech] Moyenen huet, souguer grouss Moyenen huet. Et gëtt der awer och anerer déi sou aarm si wéi d’Kierchemaus, wéi ëmmer gesot ginn ass, an dat gesäit ee jo och an de Budgete vun de Gemengen, wou regelméisseg d’Gemengen hu missten d’Defiziter vun deene Kierchefabriken decken. Sou datt ech also mengen, datt dat also am Moment schwéier ass ofzeschätzen, wat dat Gesamtverméigen do géing ausmaachen.

Max Theis: Kierchen déi net an de Fong kommen, kënne vun der Gemeng fir e symboleschen Euro kaaft ginn. Et ass wuel dovunner auszegoen, datt dat an deene meeschte Fäll geschitt, ne?

Dan Kersch: Ech wëll vläicht mol soen, datt déi Kierchen déi elo der Gemeng zougesprach ginn, net verkaf ginn, vu kengem. Mä datt déi iwwert de gesetzleche Wee de Gemengen dann zougesprach ginn. Wéi gesot, mir hu keng Titres de propriété, also kënne mir och keng verkafen, och net iwwert de symboleschen Euro. Mä vun deem Moment u wou se am Fong waren, an de Fong géif decidéieren déi Kierche wëllen ofzestoussen, an dee Moment huet de Staat an d’Gemeng e Virkafsrecht vun engem Euro. Wann dann d’Gemeng oder de Staat déi Kierch net wëll, da ka se och um fräie Marché verkaf ginn.

Max Theis: Wat geschitt da mat deene Kierchen, wann d’Gemenge se wëllen iwwerhuelen?

Dan Kersch: Ech mengen, et steet och an dësem Accord dran, datt déi Kierchen déi bei d’Gemenge kommen, datt d’Gemengen zwar fräi kënnen driwwer verfügen, mä datt se awer mussen de Charakter an d’Dignitéit vun der Kierch respektéieren.

Ech weess, datt eenzel Gemenge mam Gedanke spille fir e Musée aus enger Kierch ze maachen, fir eng Bibliothéik ze maachen. Eenzel Gemengen denken och dru fir e Restaurant, e Stärerestaurant ze maachen. Do gëtt et jo Beispiller am noen Ausland – Belsch an Holland an Däitschland gëtt et ganz vill Saachen déi op deem Niveau gemaach ginn, wou also der Imaginatioun keng Grenze gesat ginn.

Mä wéi gesot, ech ginn dovun aus, datt jiddweree verstänneg genuch ass d’Dignitéit vun deene Stätten och ze respektéieren.

Max Theis: Dat heescht, et kann een net se ofrappen an eng Résidence dohinner setzen, soen ech emol.

Dan Kersch: Ech mengen, dat doten ass en théorie net ausgeschloss. Mä och do wäert ee matenee schwätzen. Ech mengen, wann een eng Résidence mécht an de Leit Wunnengen zur Verfügung stellt, ass dat jo net onbedéngt, datt dat d’Dignitéit vun der Stätt géing verletzen. Mä ech mengen, et gëtt aner Beispiller wou ganz bewosst probéiert ginn ass Kierchen ëmzefonctionnéiere fir d’Gefiller vu Leit ze verletzen. An dat sollt hei net gemaach ginn.

Max Theis: Wéini trëtt dann dee Fong a Kraaft? Wéini ass dat elo genee Realitéit an deem Sënn?

Dan Kersch: Majo, well mir gesot hunn, datt mir de Gemengen an de Kierchefabriken Zäit loosse fir um lokalen Niveau ze verhandelen an eens ze gi wéi eng Kierchen an de Fong solle kommen a wéi eng Kierche bei d’Gemeng solle kommen, wollte mir de Gemengen an de Kierchefabriken 2 Joer Zäit gi fir dat ze maachen. An da sollt am Fong de Fong geschafe ginn spéitstens den 1. Abrëll 2017.

Max Theis: Dan Kersch, ech soen Iech Merci, datt Dir de Moien hei waart.

Dan Kersch: Et ass gär geschitt.

Dernière mise à jour