Dan Kersch à l'émission "Background - am Gespréich" d'RTL Radio Lëtzebuerg

"Hei geet et jo net drëms fir sozial Mesuren eng no där aner ze kippen"

Interview vum Roy Grotz (RTL Radio Lëtzebuerg):

Background am Gespréich haut mam Minister Dan Kersch. Schéine gudde Mëtteg Här Kersch.

Dan Kersch: Gudde Mëtteg.

Roy Grotz: Et si jo nawell interessant politesch Zäiten an den Deeg éier de Staatsminister dem Land annoncéiert wou genee de roude Bic dann ugesat gëtt an op wéi enge Budgetsposten wäerten Aspuerunge kommen. D’Ewechfale vun den 2 Allocatiounen, si ass zanter 2 Deeg public a gëtt vu ville Säite kommentéiert. Fillt Dir Iech och elo als Member vun enger Regierung vun der sozialer Keelt wann een all déi eenzel Mesuren do héiert déi elo Stéck fir Stéck dann elo och dem Land offenbart ginn?

Dan Kersch: Wësst Dir, deen Terme vun der sozialer Keelt, deen ass jo elo geprägt ginn vum CSV President. Ech huelen dat mol mat als déi Leit mat den décke Fangeren déi bueren och gären déck Brieder. Et gëtt eng Ausernanersetzung de Moment an der CSV wou verschidde Kräfte wierken a jiddwereen probéiert sech op seng Aart a Weis do ze profiléieren. Dat hei ass dem Här Spautz seng Aart a Weis. Ech verstinn dat och an ech katalogiséieren dat wéi gesot an der normaler politescher Ausernanersetzung. Den Här Spautz weess ganz genau, datt dës Regierung ugetrueden ass fir e Budget an d’Rei ze kréien. Iwweregens eppes wou mir mengen ech e parteiiwwergräifende Konsens hei am Land hunn fir dat ze maachen. Et kann ee soen, datt mir bis elo 30 Joer laang gutt gefuer sinn hei zu Lëtzebuerg. Wou mir e ganz performante Sozialsystem opgebaut hunn. Zum groussen Deel och mat auslännesche Suen. Mir hunn dat op eng intelligent Aart a Weis gemaach. Ech denken un d’Finanzplaz. Ech denken awer och un den elektroneschen Handel, d’TVA. Ech denken un Tanktourismus, wou mir also probéiert hunn déi Schlupflächer déi d’europäesch Legislatioun eis gelooss huet, fir déi auszenotzen. Wat mir vläicht net gemaach hunn, dat ass datt mir déi Moyenen déi mir do kritt hunn och zilgeriicht agesat hunn an zum Beispill e Fong gegrënnt hunn wou mir och laangfristeg kënnen opbauen.

Roy Grotz: Do si mir nach am Kommen.

Roy Grotz: Elo si mir an der Situatioun, datt mir gesinn, datt déi Lächer zouginn, datt mir also aneschters mat deem wiertschafte wat mir hunn an datt mir musse méi zilgeriicht déi Suen asetzen an et ass dat wat mir och probéieren. Datt do eenzel Mesure wäerte geholl ginn déi net jiddwerengem schmaachen, dat ass och evident. Déi 2 déi Dir elo hei ugeschwat hutt ass kloer. Mä ech mengen, datt wann ee mol eng Kéier Zäit kritt och genau ze erklären wat d’Regierung domatter bezweckt, datt dann och d’Zopp net sou waarm giess gëtt wéi se elo gekacht gëtt.

Roy Grotz: Ech kommen awer nach op eng aner ze schwätzen, nieft deenen Allocatiounen. D’Kannergeldsteier déi mir jo net sou dierfen oder sollen nennen, wat eng Contributioun soll sinn en vue vun enger gratis Kannerbetreiung, mä ebe just Här Kersch, do ginn da Suen agezunn fir awer a sech eng primär Aufgab vum Staat, oder net? Da misst jo och fir aner Chargen quasi Steieren abemol spillen?

Dan Kersch: Déi éischt Bemierkung déi dozou ze maachen ass, wat ass verwäerflech drun wann de Staat probéiert jiddweree Bierger, onofhängeg dovun ob e Kanner huet oder net, drun ze bedeelegen fir eng gutt Kannergeldpolitik ze maachen. An dat zweet wat ech wëll soen, ech ka mech erënneren wéi mir d’Diskussioun gefouert hunn ëm d’Fleegeversécherung déi op genau déi nämmlecht Aart a Weis soll, finanzéiert gëtt wéi dat wat elo hei geplangt ass, do hate mir déi nämmlecht Diskussiounen. D’Land huet sech bal zerrappt an haut ka kee sech méi virstellen, datt dat Land géing fonctionnéieren ouni Fleegeversécherung. Also och do sollt ee mol probéieren nozelauschtere wat d’Regierung wëllt, a wéi eng Richtung datt et sollt goen. Ech mengen d’Familljeministesch an den Éducatiounsminister hu ganz kloer gemaach, datt mir probéieren eng aner Kannerpolitik ze maachen wéi dat wat bis elo de Fall war, an der Qualitéit haaptsächlech ze schaffen a virun allem och op déi Problematik anzegoen déi mir hei am Land hunn, déi vun der Zwee- respektiv Dräisproochegkeet. Datt mir musse méi zilgeriicht och do schaffen. An och dat, wa mir mol Zäit kréien dat a Rou ze erklären, sinn ech iwwerzeegt, datt déi Leit déi elo nach vläicht jäizen och net méi grad sou haart wäerte jäizen.

Roy Grotz: Dat heescht Dir verspriecht eis och nom nächsten Dënschdeg, quitt datt jo ni jiddweree kann zefridde sinn, kënne mir awer nach ëmmer vun enger sozialer Politik schwätzen, déi déi do Regierung mécht?

Dan Kersch: Op jidder Fall. Ech mengen hei geet et jo net drëms fir sozial Mesuren eng no där aner ze kippen. Mä et geet drëms fir ze kucken wat vun deene Mesuren déi mir am Moment hunn ass nach sënnvoll. A virun allem, wat mir eis net méi kënnen erlaben, dat ass awer dat wat an der Vergaangenheet geschitt ass, dat eent a säi Contraire ze finanzéieren. Ech kucke mol wa mir dat Beispill elo huelen vun der Allocation d’éducation. Mir haten eng CSV-Ministesch déi huet sech net ginn eng Campagne no där aner ze lancéieren fir vill Suen fir d’Fraen ze encouragéieren schaffen ze goen. A mir haten eng aner CSV-Ministesch déi Primen ausbezuelt huet, dat ass déi Allocation d’éducation, fir d’Fraen ze engagéieren doheem ze bleiwen. Bein, de deux choses l’une. An dat ass dat wat mir amgaange sinn ze maachen. Net nëmmen an dësem Beräich. Och an anere Beräicher fir also ze kucken eng eenheetlech Politik ze maachen, datt och déi eenzel Haiser aus der Regierung, also déi eenzel Ministèren och eng kohärent Politik maachen an net ee géint deen aneren. Dat ass natierlech eng grouss Erausfuerderung. Dat wäert eis och net alles geléngen op den éischte Volet, op den éischte Schlag. Mä ech sinn awer iwwerzeegt, datt mir an déi richteg Richtung schaffen.

Roy Grotz: Bludden net also déi falsch Leit? Genee déi déi vläicht souwisou eng Moyenne soen ech mol, hunn déi an der Rei ass pro Mount an déi hei awer elo eppes ewech geholl kréien. Ech denken och do un eng TVA-Logement vun 3 op 17%.

Dan Kersch: Wa mir elo iwwert d’TVA, vläicht mol déi éischt Fro, bludden net déi Falsch. Ech mengen dat ass jo déi grouss Erausfuerderung. Wa mir gären hätten, datt mir Verständnis kréie bei de Leit fir déi Mesuren déi elo an dësem Budget geholl ginn - an et ass jo net nëmmen dëse Budget et ass och déi Budgeten déi hannendru kommen. Ech mengen ech hunn haut am Wort geliest, et ass also kee Chiffer deen ech erfonnt hunn, 2013 hate mir en Haushaltsdefizit, strukturellen Haushaltsdefizit vu 740 Milliounen. Et bleift eis also iwwerhaapt kee Choix fir ze probéiere selwer dëse Budget an d’Rei ze kréien, well soss wäerten aner Leit dat fir eis maachen. Ech wëll net, datt Décisiounen déi zu Lëtzebuerg musse geholl ginn, datt déi zu Bréissel geholl ginn. An duerfir wëll ech och hëllefen dëse Budget ze sanéieren an dat wat Dir virdru gesot hutt, dat ass déi grouss Erausfuerderung. Ze kucken, datt et gerecht ofgeet, datt jiddwereen säi Beitrag muss leeschten an duerfir waart emol of wat de Premier en Dënschden wäert an der Chamber soen an da wäert Dir och mierken, datt d’Regierung opgepasst huet, datt hei jiddweree säi Scherflein muss bäidroen.

Roy Grotz: Jiddwereen, also och d’Betriber, obschonn de Wiertschaftsminister sot, et géife keng supplémentaire Chargë kommen an awer an engem Saz dobäi sot  „an och si wäerte musse kontribuéieren“.

Dan Kersch: Genau, ech mengen dat ass et. Mir hu versprach, datt et net wäert zu Steiererhéijunge komme fir d’Betriber. Mä et gëtt och aner Moyenen wou d’Betriber musse bäidroen fir dës Gesellschaft liewenswäert ze erhalen. Ech mengen et ass och do wou se eng Verantwortung hunn. Si kënnen sech aus där Verantwortung net einfach substituéieren. An ech wéilt och net an enger Gesellschaft liewen wou alles sech ëm d’Wiertschaft dréint an näischt méi ëm d’Mënschen.

Roy Grotz: Ech erënnere mech drun, Iech war de Spëtzesteiersaz quasi ni héich genuch. Elo gëtt awer do net dru bougéiert wa mir scho bei deene Cotisatiounen, Tauxen a Steiere sinn.

Dan Kersch: Ben, dat sot Dir, datt deen net an d’Luucht geet. Wat mir gesot hunn, et wäert net zu enger Räichesteier kommen. Ech ka mech erënneren, datt mir hei ënner Zäite vum Här Werner nach e Spëtzesteiersaz hate vu 56%. Haut si mir bei 40, 41% also wäit dovunner ewech. Wa mir also elo de Spëtzesteiersaz géifen ëm 1 oder 2% an d’Luucht setzen, da géif dat net heeschen, datt zu Lëtzebuerg elo lauter Räicher wären, well soss hätte mir jo zu Zäite vum Här Werner nëmme Räicher hei am Land gehat. Also sou ass et net grad. Ech mengen, datt een och do soll ofwaarden. Mir wëllen eng Steierreform maachen. 2016 fänken do d’Aarbechten ganz konkret un. Mir sinn elo schonn amgaangen an Aarbechtsgruppen dorunner ze schaffen. Mä 2016 wäert et méi konkret ginn an och do geet et drëms fir Gerechtegkeet ze schafen. Et ass eben eng Erausfuerderung déi sech net nëmmen zu Lëtzebuerg stellt, mä déi sech och iwwerall an Europa stellt.

Roy Grotz: Wat ass dat dann? Ass dat eng Austeritéitspolitik?

Dan Kersch: Also mir kënne jo hei vill iwwer Termen schwätzen. Mir geet et drëms, ech soen et nach eng Kéier, fir déi Suen déi mir zur Verfügung hunn, et ginn der manner an nächster Zukunft, fir déi zilgeriicht sou anzesetzen a virun allem och gerecht anzesetzen. Datt do eenzel Mesurë wäerte kommen déi deen een oder aneren treffen. Et ass keen zefridde wann e getraff gëtt. Dat zielt souwuel fir déi Leit déi schaffe ginn, wéi och fir déi Leit déi schaffe loossen, och déi wëlle kee Beitrag zur Gesondung vun de Staatsfinanze leeschten. Si soen zwar alleguerten et muss gespuert ginn, et muss de Budget an d’Rei gesat ginn, mä et ass kee bereet bei sech selwer unzefänken. Et ass e bëssen sou wéi et och an der anerer Politik ass, an der Landesplanung, den Nimby-Effekt dee spillt hei och e bëssen. A wa mir wëllen zesumme weider kommen, da geet et net esou.

Roy Grotz: Dat heescht de Staat setzt och bei sech selwer un. An déi zwee Drëttel, een Drëttel oder wéi eng Gewiichtung och ëmmer déi mir déi leschte Kéier haten, sou eng héiere mir dann och d’nächst Woch.

Dan Kersch: Dir wäert gesinn, datt bei deene Mesuren och eng ganz Rei Mesuren dobäi sinn wou de Staat bei sech selwer ufänkt, wou och eng ganz Rei vu Projeten déi vläicht net sou wichteg sinn, wéi mir soen Nice to have, datt déi einfach ewech falen, well et och aneschters geet. An dat setzt eis natierlech och an d’Situatioun, datt mir eis musse Gedanke maachen, an do komme mir scho bal bei d’Simplification administrative, datt mir eis musse Gedanke maachen iwwert d’Prozeduren déi beim Staat sinn fir déi ze vereinfachen. Och dat si Saachen déi iech laangfristeg wäerte Sue spueren.

Roy Grotz: Op deen Omnibus komme mir nach ze schwätzen. Komm mir fänken elo mol un mat deem Sujet wou Dir responsabel sidd, d’Gemengen, d’Gemengestruktur. Och si musse wuel hire Spuereffort leeschten, kann ech mir virstellen. Sinn e wichtege Pilier an dësem Land. Wat kënnt dann op si duer?

Dan Kersch: Ech mengen dat ass jo eppes wat bekannt ass. Ech hunn dat jo och mam Syvicol schonn duerch diskutéiert. D’Gemenge wäerten hiren Undeel un der TVA, d’Gemengen hunn iwwert den FCDF 10% vun der TVA zegutt déi an hir Keese wäerte fléissen, mä déi Erhéijung vu 15 op 17% déi wäert neutraliséiert ginn an engem Fong deen herno gebraucht gëtt fir den Établissement public vun de Services de secours opzebauen [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Dat heescht dee fléissen net zréck, déi Suen?

Dan Kersch: Dee fléisst net direkt zréck an d’Gemengen, e kënnt an e Fong a mat deem Fong wäerte mir herno deen Établissement Service de secours, wou da Pompjeeën a Protection civile sollen fusionéiert ginn, fir dat och kënnen ze finanzéieren. Et ass also eng laangfristeg Mesure déi mir elo ufänken, fir datt mir herno net virun der Situatioun sinn, datt mir keng Suen hätten fir eppes opzebauen wat mir mussen opbauen.

Roy Grotz: Dobäi bleift et? Ass dat et?

Dan Kersch: Da kommen d’Majorations biennalen wäerten ewech falen. Dat wäert eng Belaaschtung ginn fir d’Gemenge vu ronn 14 Milliounen. Dat sinn also deen Deel deen de Staat bäileet bei de Paien vu verschiddene Gemengebeamten och dat ass eng Mesure déi aus de 50er Jore staamt, wou d’Berechtegung am Fong haut net méi besteet, ass eppes wat ewech fält an da wäert et och esou sinn datt déi Gemengen déi méi wéi 3 Mol d’Moyenne vun deem kréien wat d’Gemengen am Land alleguerte kréien vun der Gewerbesteier, datt déi dat wäerten integral an de Fond de l’emploi iwwerweisen.

Roy Grotz: An domat war de Syvicol d’accord. Dat heescht…..

Dan Kersch: De Syvicol ass dovun net vu Begeeschterung an d’Luucht gesprongen. Dat kënnt Dir Iech virstellen, mä et ass awer och esou, datt se gesot hunn, si kënnten natierlech dat zur Kenntnis huelen. Et ass jo och net esou, datt mir dat laang verhandelt hätten. Ech hu missen dohinner goen a soen, datt och e Beitrag vun de Gemenge verlaangt an et sinn dat heiten eng Rei vu Pisten. Et waren anerer do déi d’Gemenge vill méi haart getraff hätten. Hei war e Kompromiss dee mir fonnt hunn, deen ech dem Syvicol och presentéiert hunn. Wéi gesot si hunn et zur Kenntnis geholl ouni datt se vu Begeeschterung an d’Luucht gesprong sinn.

Roy Grotz: Bleiwe mir ee Moment bei de Gemengefinanzen, der Gemengefinanzéierung. Et soll ëmverdeelt ginn. A wéi eng Richtung geet dann dës Reform? Och do musst Dir jo ganz enk mam Syvicol zesumme schaffen. A wann ech, wa mir virdru vun der Gratis-Kannerbetreiung geschwat hunn, da kann ech mir am Umkehrschluss och virstellen, datt awer nach sou Muenches op d’Gemengen duerkënnt. Infrastrukturen, Crèchen, Personalkäschten an sou weider. Fir nëmmen ee Beispill ze soen.

Dan Kersch: Ech mengen Dir hutt ganz Recht. Duerfir ass och de Syvicol selwer amgaangen e Benchmarking ze maachen. Dat heescht also mol ze kucken, wat si raisonnabel Präisser wann een eng Maison relais baut. Wat si raisonnabel Präisser wann een eng Schoul baut, wann een eng Sportshal baut an sou weider. Eng Initiativ déi mir 100%eg ënnerstëtzen. Mir sinn och amgaangen dat bei eis am Intérieur ze maachen fir herno do och Héchstbeträg festzeleeën fir déi de Staat nach wäert subsidiéieren. Wann eng Gemeng dann decidéiert, wann se sech gutt steet, fir doriwwer eraus d’Saache méi deier ze bauen, soll se dat roueg maachen, mir wäerten hinnen dat net verbidden. Mä et kann net sinn, datt d’Allgemengheet vum Land dat dann och nach muss subsidiéieren. An da komme mir schonn am Fong bei den nächste Widdersproch dee mir hunn. De Staat ënnerstëtzt jo d’Gemenge bei ville Projeten déi se maache mat Subsidien an do ass et esou, déi déi vill hunn, déi investéiere vill déi kréien och vill Subsidien an déi déi wéineg hunn, déi kënne wéineg investéieren a kréien doduerch och wéineg Subsidien. Dat musse mir also e bëssen ëmdréinen, datt mir d’Suen zilgeriicht dohinner brénge wou se am meeschte gebraucht ginn an dat sinn an déi Gemengen déi am mannsten hunn.

Roy Grotz: Mä Dir selwer deelt an sech, oder an de d’Plans sectoriels ginn d’Gemenge jo agedeelt als prioritär Gemengen a manner prioritär soen ech emol. Déi eng solle méi séier wuessen, méi séiere Wuesstem heescht natierlech Generatioune generéiere vu Revenuen. Dréit dann eben d’Reform vun der Gemengefinanzéierung deem Rechnung? Och deem Wuessen dat Dir u sech de Gemenge, jo virschreift op eng gewësse Manéier?

Dan Kersch: Also ech hat virdru gesot, datt mir musse kucken d’Suen dohinner ze brénge wou se sinn, also wou se am meeschte feelen. Op där anerer Säit musse mir natierlech och nach aner Critèren domatter berücksichtegen. An dat sinn déi selbstverständlech déi vun der Landesplanung. Et ass evident, datt eng Staat Lëtzebuerg, oder eng Staat Esch, datt déi aner Aufgaben hunn wéi zum Beispill déi Gemeng fir déi ech laang Verantwortung iwwerholl hunn, fir Monnerech. Oder och wéi och nach aner Gemengen déi nach méi kleng sinn. Dat muss ee selbstverständlech och berücksichtegen. Et kann een net nëmmen déi finanziell Situatioun vun de Gemenge kucken well da géife mir jo am Fong geholl déi belounen déi an der Vergaangenheet Suen, loosse mir mol soen, relativ onvirsiichteg ausginn hunn an déi déi gutt mat de Sue gehaushalt hunn, déi géife bestrooft ginn. Dat kann et och net sinn. Do sinn also vill Critèren déi musse gekuckt ginn. Ee vun deenen ass ouni Zweiwel, sou wéi Dir et elo ugedeit hutt, och dee vun der Landesplanung.

Roy Grotz: Wéi séier a wéi eng Form gëtt dat do gegoss a wéi séier gitt Dir deen dote Wee? Dat do kléngt net no 2, 3 Versammlungen an dann hutt Dir en Text do leien.

Dan Kersch: Also ech hu jo an der Politik geléiert fir ganz virsiichteg ze ginn wann een Terminer gëtt. Op där anerer Säit ass dat heiten eng Diskussioun déi mir scho 25 bis 30 Joer zu Lëtzebuerg féieren. Genau sou wéi déi vun der Reform vun der Grondsteier. Et kann also net sinn, datt mir nëmmen driwwer diskutéieren an ni eppes maachen. Dir hutt awer Recht dat do ass eppes wat een net iwwert de Knéi brécht. Ech ginn dovun aus, datt mir nach dëst Joer mam Syvicol, zumindestens wat dee Benchmarking ugeet, e gudde Schrëtt weider kommen an, datt mir dann am Laf vum Joer 2015 Ufanks 2016 zu konkrete Resultater wäerte kommen.

Roy Grotz: Mir hu vun de Gemenge geschwat, vun der Gréisst, wat ass da mat Gemengen déi ënnert deem Seuil soen ech elo mol vun 3000 Awunner leien? Ech hunn deen am Kapp, mir schwätzen och an enger zweeter Fro iwwert d’Fusiounen am allgemengen. Sinn déi nach iwwerliewensfäeg an deene Grondservicer déi eng Gemeng muss leeschten?

Dan Kersch: Wann et ëm d’Grondservicer geet ganz sécher. An et ass och net geplangt, sou wéi dat gesot ginn ass, vun der Regierung, fir déi Gemenge laangfristeg ausbludden ze loossen also finanziell ausbludden ze loossen, dat ass net dat wat mir wëllen. Mir wëllen d’Fusioune weiderhin ënnerstëtzen, ënnerstëtze se och mat substantielle Subsiden [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Déi ginn awer rofgesat.

Dan Kersch: Mir wëllen se net octroyéieren. Deen erof gesat ginn ass an deen och do méi zilgeriicht genau do op déi Gemengen zilt ëm déi et geet. Et geet nämlech net drëms fir 2 Gemenge vun 10.000 Leit ze fusionéieren fir dann e grousse Subside vum Staat ze kréien, mä et geet drëms déi Gemengen ze ënnerstëtzen déi wierklech elo ënnert der Schwell vun 3000 Awunner sinn an dat wäerte mir dann och maachen an duerfir ginn och déi Suen méi zilgeriicht agesat. Wat kloer ass, ech soen et nach eng Kéier, dat Konzept vun der Fusioun wat vun der vireschter Regierung ugeduecht gi war, fir do en nationale Referendum ze maachen, wou da Gemenge praktesch an d’Fusioun géinge gezwonge ginn, datt mir dat net wëllen. Dat hu mir ofgeleent, eiser Meenung no ass dat och net vereinbar mat der Charte de l’autonomie communale. An et kann och net sinn, datt d’Bevëlkerungsmehrheet am Süde vum Land an am Zentrum vum Land driwwer diskutéiert wéi d’Leit am Norden, am Westen an am Osten vum Land mussen zesumme liewen. Also ganz kloer, Fusioune jo, si ginn och ënnerstëtzt, mä op där anerer Säit musse se vun de Leit gewëllt sinn an d’Bedingung duerfir, datt et eng Fusioun gëtt ass de Referendum an dee muss positiv ausgoen.

Roy Grotz: Den 9. November ass sou een. D’Fiels, Noumer, Fëschbéch. Dir waart an deene Reunioune mat dobäi. Et gouf méi oder manner hefteg natierlech diskutéiert wat dozou gehéiert, mengen ech wat normal ass. Wéi ass dann Äert Gefill fir déi do Fusioun, konkret?

Dan Kersch: Ech mengen et ass net u mir hei e Gefill auszedrécken. Ech hat d’Gefill, datt op deenen 3 Versammlunge ganz gutt mateneen diskutéiert ginn ass. Heiansdo mat e bësse méi haarde Bandagen. Dat ass awer och normal, hei spillt och d’Emotioun eng ganz grouss Roll. Et sinn Argumenter ausgetosch ginn an dat wat ech op deene Versammlunge gesot hunn, kann ech hei nëmme widderhuelen. Alleng d’Iddi fir iwwert eng Fusioun ze diskutéieren huet dozou gefouert, datt sou vill Leit sech un engem Diskussiounsprozess iwwert d’Zukunft vun hirer Gemeng bedeelegt hunn wat mir soss ni erreecht hätten. An alleng dat gesinn ech positiv. An duerfir hunn ech esou wéi ech et och op deene Versammlunge gesot hunn, alleng doduercher hunn déi 3 Gemenge scho gewonnen. Ech kann nëmmen hoffen, datt et positiv ausgeet. Wann et net esou ass, da wäerte mir dat zur Kenntnis huelen dann hu mir dat unzeerkennen. Dat ass den demokratesche System deen hei spillt.

Roy Grotz: An d’Gemengepappen mengen ech hunn dat och sou vermëttelt an de Versammlungen.

Dan Kersch: A Mamm, et ass och eng Mamm dobäi.

Roy Grotz: An eng Mamm, richteg. D’Gemengen an d’Alimentatioun mam Drénkwaasser. Och an dësen Zäiten e ganz aktuellt Thema. Eng existenziell wichteg Unitéit déi besteet, mä wéinst der Pestizid-Belaaschtung gëtt elo entretemps bal vun enger Zäitbomm am Krunnewaasser geschwat. Waasserschutzzonen déi zanter 20 Joer sollten ausgewise sinn goufen net ëmgesat. De Landwirtschaftsminister Etgen weist op säi Virgänger - deen ass an Ärer Partei - an déi aner Regierungen a seet, datt hien elo déi batter Zopp do misst ausläffelen. Et wier geschlampt a retardéiert ginn. Am Tageblatt liesen ech haut op der éischter Säit “20 Jahre politesche Kumpanei”. Do war d’LSAP mat am Boot. Ass dat sou?

Dan Kersch: Also fir d’éischt emol wëll ech soen, datt fir d’Ausweisung vun de Waasserschutzzonen net de Landwirtschaftsminister zoustänneg war an ass, mä datt et bis viru kuerzem den Inneminister ass an datt et zanter der neier Regierungsbildung den Ëmweltminister ass. Et ass effektiv esou, datt et net zu deene Waasserschutzzone komm ass wat ee kann bedaueren. Et kann een déi Termen och verstoen déi een haut an der Press nogeliest huet. Op jidder Fall hu mir am Moment de Problem. An ech mengen net, datt et eis vill weider bréngt elo nach laang iwwert d’Vergaangenheet ze schwätzen, mä mir mussen driwwer schwätzen wéi mir sou séier wéi méiglech déi Waasserschutzzonen ageriicht kréien a wéi mir och Kompromisser mat der Landwirtschaft fannen, well et sinn si déi um Ursprung vum Problem stinn. Si sinn sech däers och bewosst. Ech hu gëschter mat Intérêt d’Positioun vum President vun der Landwirtschaftskummer héieren, dee gesot huet si wäre sech guer net bewosst gewiescht, datt dat sou problematesch war. Bon dat do ass deen éischte Schrëtt, mengen ech an, an d’Vernunft. Elo si se sech bewosst. Elo wëssen se datt dat eng Problematik duerstellt an ech sinn och iwwerzeegt, datt dës Regierung déi dote Waasserschutzzonen elo sou séier wéi méiglech wäert ariichten.

Roy Grotz: An awer ass 20 Joer an d’Land gezunn an déi ginn elo batter vermësst sou ze soen. Et kënnt een op méi Punkten einfach soen, datt awer vill Zäit an d’Land gezunn ass op eenzelnen Dossieren. Mir waren der lo scho bei verschiddenen an Ärem Ministère. Ass dat esou? Da wären d’Tiräng jo awer net sou eidel, mä si ware vläicht voll awer gutt zougespaart.

Dan Kersch: Wësst Dir, et waren der eng Rei déi waren eidel, et waren der eng Rei déi ware voll a fest zougespaart an et waren der eng Rei déi ware voll mat Projeten déi sou net ëmzesetze sinn. Ech soen et nach eng Kéier. Déi Diskussioun do déi bréngt eis net richteg virun. Et sollt een dat wat vergaange war roue loossen an et sollt ee kucken wou d’Problemer vum Land haut leien an et sollt een dorunner schaffen a wa méiglech zesummen. Ech verstinn, datt eng gewësse Partei déi gewinnt war un der Macht ze sinn, datt déi sech elo schwéier deet an der Oppositioun. Ech mengen awer, datt mir all Intérêt hunn als klengt Land op wichtege Punkten zesummen un engem Strang ze zéien well mir soss riskéieren an engem europäeschen Ëmfeld wat eis net gutt gesënnt ass ënnerzegoen.

Roy Grotz: Sou wéi un de Plans sectoriels déi bis den 28. Oktober solle bei Iech dobanne sinn. Dir hutt en Appel gemaach un d’Gemengeréit datt soll am Gemengerot iwwert de Plang geschwat ginn, och iwwert d’Avisen déi vun de Bierger era koumen. Elo drängt d’Zäit natierlech. Mir hunn zanter leschter Woch den Avis vum Syvicol virleien. D’Gemenge géifen ënner Tutelle gesat. Et géif massiv iwwerreguléiert ginn, d’Subsidiaritéit géif net respektéiert ginn. Dir hutt bei eis op der Antenn gesot, et wier de Rôle vum Syvicol. An awer, wat huet eng Gemeng dann nach un Autonomie haut?

Dan Kersch: Ech mengen, datt och wa mir déi Diskussioun iwwert d’Plans sectoriels hannert eis hunn. Do hu mir jo vun Ufank u gesot, datt dat eppes wär wat net a Betong gegoss ass, datt mir eis géifen Zäit loossen fir iwwert déi Plans sectoriels ze schwätzen, datt mir mat jiddwerengem Eenzelne géife schwätzen. Ech hunn och gesot, datt eng ganz Rei vun deene Gespréicher och scho gefouert sinn. Datt mir virun allem nolauschtere wat an deenen Avisen steet déi d’Gemengen eis maachen. An eréischt wa mir déi Avisen virleien hunn, kënne mir eng Auswäertung dovu maachen an opgrond vun där Auswäertung wäerte mir selbstverständlech och nach mam Syvicol, mam Mouvement écologique, mat allen Acteuren déi un där Problematik hei interesséiert sinn, mat der Landwirtschaftskammer probéieren, mat der Immobiliekammer wäerte mir probéieren Kompromisser ze sichen an dann awer och zu Décisiounen ze kommen. Ech mengen där kennt mech, ech sinn een dee gesot huet, ech hunn d’Diskussioun gär, ech wëll och mat jiddwerengem, datt jiddweree sech kann bedeelegen un der Diskussioun, mä et kënnt ee Moment wou ee muss der Kaz d’Schell undoen, wou ee wierklech muss och zu Décisioune kommen, well soss kënnt dat Land hei net virun. Dir hutt virdrun e puer Beispiller genannt, wou mir vill diskutéiert hunn. Wou mir vill Meenungen ageholl hunn a wou näischt geschitt ass. Dat kënne mir eis an dësen Zäite ganz einfach net méi leeschten. An duerfir musse mir viru kommen an dat wäerte mir och an dëser Problematik hikréien.

Roy Grotz: Omnibus-Gesetz, 13 Gesetzer a Reglementer ginn ofgeännert. D’Zil d’Prozeduren ze verkierzen. Dir hutt vun engem Pilotprojet geschwat. Dat heescht do kënnt nach eppes bäi? Et goufe jo Nobesserunge gefrot, virun allem am Ëmweltberäich.

Dan Kersch: Jo mä ech mengen et war kloer gesot, och dat war mat der UEL, dee jo ee vun den Haaptdemandeurë war, vun der Simplification administrative, net deen Eenzegen, awer ee vun den Haaptdemandeuren déi eng Rei vu konkrete Projeten an Iddien développéiert haten. Ech mengen et war ugesot, datt mir géife 5 Gesetzer änneren. Mir hunn et fäerdeg bruecht innerhalb vu 5, 6 Méint e Gesetz ze presentéiere wou insgesamt elo 13 Gesetzer a Reglementer ofgeännert ginn. Ech mengen, datt dat och an déi richteg Richtung geet. Mä mir hu vu vir eran gesot, et geet domatter net duer. Virun allem am Ëmweltberäich an dat wëssen och déi Leit aus dem Ëmweltministère. Déi nächst Plattform geet iwweregen ausschliisslech ëm d’Thematik vun den Ëmweltprozeduren. Do hu mir missen ofwaarde wat vu Bréissel kënnt. Et ass eng nei Directive eraus an dat wäert dat nächst Haaptthema sinn wou mir bei der Simplification administrative driwwer schwätzen. A keen aneren wéi déi zoustänneg Ministesch an den zoustännege Staatssekretär hu jo och scho gesot, datt et hir Vue ass fir déi ganz Problematik vu Suppen, vun Études d’incidences an sou weider, fir dat an engem Gesetz ze vereenegen, datt jiddweree weess vu wat mir schwätzen. Heiansdo hu mir dat elo missen op 7 oder 8 Plaze siche goen. Ech mengen dat ass déi richteg Richtung an do schaffe mir zesummen drun an och do komme mir zu Resultater.

Roy Grotz: An awer do gëtt genee Fangerspëtzegefill gebraucht. Et geet jo och ëm d’Asproochméiglechkeete vun de Leit natierlech. Et geet ëm Natur, Protectioun vu Monumenter an esou, et ware jo och eng gutt Partie Regelen als Schutzmechanisme geduecht. Déi sollen net opgeweecht ginn.

Dan Kersch: Selbstverständlech. Et muss een op där enger Säit probéieren Prozeduren ze vereinfachen. Op där anerer Säit däerf een net d’Kand mam Buedwaasser ausschëdden an et muss een déi Rechter déi d’Leit hunn fir an enger Prozedur nach kënnen Asprëch erhalen, oprecht erhalen. A fir do ze probéieren de Mëttelwee ze fannen ass net ëmmer ganz einfach. Do sinn och verschidden Intérêten déi wierken. Och dat soll ee sech jo net d’Aen dozou verschléissen. Et muss ee jo einfach wëssen, hei geet et jo net nëmmen ëm Texter an ëm Reglementer mee et geet och ëm Intérêten. An déi Intérêten si beileiwen net ëmmer déi nämmlecht, net deckungsgläich. An un der Regierung ass et eben ze probéieren hei Kompromisser ze fannen déi fir jiddwereen herno awer liefbar sinn.

Roy Grotz: Dat gëllt och fir Trennung vu Kierch a Staat, Referendumen an natierlech och de Gehälteraccord beim Staat fir nëmmen dës 3 Sujeten ze nennen. Op déi komme mir alleguerten nom Mëttesjournal ze schwätzen.

[Noriichten]

Roy Grotz: E schéine gudde Mëtteg Här Kersch nach eemol.

Dan Kersch: Gudde Mëtteg nach eng Kéier.

Roy Grotz: Kommt mir kommen emol op d’nächst Joer ze schwätzen, an d’Referendumsfroen, déi d’Leit do gestallt kréien. Ech ginn elo net an den Detail vun alle Froen an, mä besonnesch op eng, well déi Iech och implizit als zoustännege Minister interesséiert. Eng vun de Froe concernéiert d’Trennung vu Kierch a Staat, oder méi präzis, ob de Staat nach dru gehalen ass, esou wéi et jo elo d’Verfassung am Artikel 106 virgesäit, d’Paie vun de Ministres de cultes ze iwwerhuelen. Wéi positionéiert sech dann d’Regierung iwwerhaapt am Virfeld, a wéi sollen dës Communautéiten anescht an Zukunft finanzéiert ginn?

Dan Kersch: Ech mengen d’Finanzéierung vun de Communautéiten ass jo eng Fro, déi sech onofhängeg vun der Constitutioun stellt. Et ass jo och net nëmmen eng Relioun, déi hei concernéiert ass, mä et sinn der eng Rei, mat deene mir Konventiounen hunn.

Wat mir hei am Referendum wäerte froen, ass genee dat wat Dir gesot hutt, ob an Zukunft de Staat nach soll dofir opkommen, oder muss dofir opkomme fir d’Paie vun de Ministres des cultes ze bezuelen. Et muss een dozou präziséieren, datt am Moment ronn 280 Poste béi der kathoulescher Kierch als Ministres de cultes ugesinn, dat sinn der also wiesentlech méi wéi déi, déi effektiv d’Mass liesen. Et sinn och eng ganz Rei vun anere Posten nach dobäi. Och dat ass eng Diskussioun déi mir amgaange si mat der kathoulescher Kierch ze féieren. Et ass also eppes wat an der Constitutioun steet. Wa mir dat wëllen änneren, da brauche mir eng 2/3 Majoritéit an der Chamber.

D’CSV huet bis elo ugekënnegt, datt si der Meenung ass, datt een dat net sollt änneren. An dofir huet d’Regierung décidéiert, datt mir d’Vollek wäerte froe goen. Dann ass nach ëmmer net garantéiert, well d’CSV huet dat jo ugekënnegt, och wann d’Vollek der Meenung wier, datt an Zukunft de Staat net méi sollt dofir opkommen, géif dat net heeschen, datt si automatesch de Votum vum Vollek géifen unerkennen. Fir mech ass dat éischter verwonnerlech.

Ech hu bis elo d’CSV ëmmer als eng demokratesch Partei emfonnt. Déi Ausso do, déi schéngt mir och éischter anzereie sinn an den Iwweräifer vun eenzelne Leit. Ech mengen, egal wéi et herno wäert sinn, dee Votum deen hei gemaach gëtt, deen ass einfach unzeerkennen. Dat ass jiddwerfalls d’Approche déi d’Regierung hëlt.

Déi 4 Froen, déi gestallt ginn, do wäerten Äntwerte kommen, jo oder neen, an d’Regierung wäert sech un dat Resultat halen.

Roy Grotz: D’CSV seet och, dir géift iech wéi Amateuren uleeën, an alles drusetze fir déi CSV ze ëmgoen, déi jo, wéi Dir et och richteg sot, gebraucht gëtt fir 2/3 Majoritéit. Ass dat effektiv de But, d’CSV ze ëmgoen?

Dan Kersch: Wësst Dir, d’CSV seet, mir wieren hypokritesch an amateurhaft. Mä de deux choses l’une. Ech mengen entweder et mécht een esou eppes mat Bedacht, dann ass et,  kann et hypokritesch sinn, oder et mécht een et wéi en Amateur.

Ech mengen déi Froen déi hei gestallt sinn, dat si jo keng, déi mir erfonnt hunn. Dat sinn der, déi sech erginn hunn aus den Diskussiounen, déi scho zënter Joeren an der Chamber gefouert ginn iwwer d’Verfassungsrevisioun. An do wou mir nach keng Eenegkeet fonnt hunn, do musst d’Vollek klären. An ech mengen datt déi Approche schonn déi richteg ass. An ech mengen och datt dat eng Traditioun och kéint ginn hei zu Lëtzebuerg fir an entscheedende Froe - wat d’Constitutioun ugeet - fir do och d’Vollek mat an d’Boot ze huelen.

Roy Grotz: Wéi stellt Dir Iech dann elo déi Sensibiliséierung, oder d’Campagne, oder d’Biergerfore vir, vläicht och präzis an deem hei Punkt? An deem aneren, mengen ech, zweetwichtegsten, ass natierlech d’Auslännerwahlrecht. Do muss sech jo kloer positionéiert ginn, an d’Leit iwwerhaapt emol iwwer de Fong, et komme jo deelweis Informatiounen duerch, mä do muss jo alles, mengen ech, d’Leit konkret informéiert ginn em wat geet et, wat hunn ech mir ze erwaarde bei engem jo, bei engem neen? Wéi positionéiert sech d’Regierung, wéi lafen d’Verhandlungen den Ament mat de Communautéiten? All dat muss jo dann op den Dësch.

Dan Kersch: Ech soen et nach eng Kéier, et waren elo dräi Froe beieneen, et ass schwéier dorop konkret ze äntwerten.

Vläicht nach eng Kéier zu där iwwer d’Wahlrecht fir d’Auslänner. Ech mengen do huet dës Regierung, déi dräi Parteien déi dës Regierung droen, eng ganz kloer Meenung dozou gesot. Ech ka mech erënnere wéi ech President vum Syvicol war, huet eng Kéier de Paul Helminger, dee Buergermeeschter aus der Stad deemools nach war, mir gesot, weess du datt an der Stad 38% vun de Leit déi potenziell kéinte wiele goen, iwwerhaapt wiele ginn?

Ech mengen dat jo alleng weist d’Problematik déi mir an dësem Land hunn. Elo ass natierlech d’Stad do wou et am dramateschsten ass. Mä wa mir wëllen, datt mir dëst Land zesummen opbauen, datt mir gären hätten, datt mir zesumme probéieren déi Prioritéiten erauszeschielen déi fir dëst Land wichteg sinn, da kënne mir eis et net weider erlaben eng Majoritéit vu Bierger, well dat ass et nämlech gläich, a verschiddenen Uertschaften ass et haut schonn, eng Majoritéit vu Bierger einfach niewebäi ze behandelen, an net mat an d’Boot eranzehuelen. Dat ass fir mech ganz evident. D’Regierung huet och do eng ganz kloer Meenung ausgedréckt.

Ech wëll och nach soen, och dat gëtt dobaussen net gesot vun de Géigner vum Wahlrecht fir d’Auslänner, et ass ganz kloer datt dat sollt fakultativ sinn, esou wéi et och um Gemengenniveau haut schonn ass. Um Gemengenniveau ass am Ufank och dogéint Stuerm gelaf ginn, haut ass dat esou. Ech hunn néierens gesinn, datt an enger Gemeng eng Revolutioun ausgebrach war. Also ass dat hei, mengen ech, och e selbstverständleche Prozess. An och hei, ech mengen d’Regierung huet eng Meenung, wann d’Bierger eng aner hunn, dann zéie mir dee Projet zeréck, an da gëtt et net gemaach. Mir wäerten de Votum unerkennen.

Roy Grotz: Mä domat läit en dann awer fir Joere wahrscheinlech op Äis, an et gëtt net méi debattéiert?

Dan Kersch: Neen, et gëtt jo och nach aner Méiglechkeeten, wou een dat nach ka förderen. Da muss een eben do upaken.

Roy Grotz: Wéi lafen dann, an dat hat ech och an där laanger Fro, eng Omnibusfro war et, déi aktuell Gespréicher mat de Vertrieder vun de reliéise Communautéiten? Dir hutt jo Gespréicher, notamment mat där gréisster natierlech och, mat der Kierch. A wéi eng Richtung steiert dat dann?

Dan Kersch: Bein, ech hat den Androck datt déi éischter positiv verlafen. Natierlech, och hei spille géigesäiteg Intérêten, déi muss ee probéieren ze conciliéieren. Ech selwer si fir de Beräich vun de Fabriques d’églises zoustänneg. Ech hat nach gëschter eng Réunioun mat engem héije Vertrieder vum Bistum fir doriwwer ze schwätzen. An ech gesinn, datt hei sech Léisungen ofzeechnen, wou mir kënnen och win-win Situatioune kreéieren. An et ass jo genee dat wat mir wëllen. Mir wëllen dat hei net an der Konfrontatioun ëmsetzen, mä mir wëllen hei dat op dat reduzéiere wat muss sinn, wat sënnvoll ass, an op där anerer Säit awer och déi ëffentlech Hand méi a méi aus der Verantwortung entloossen.

Roy Grotz: Dat heescht, déi Mikrosatellite vun der Kierch, wat jo d’Kierchefabriken a sech sinn, déi awer mat enger relativ démodéierter Aart a Weis vläicht géréiert ginn, wat wier dann d’Aart a Weis? Wat wier dann, se zesummenzeschloen an eng Fondatioun, an dann de Patrimoine opzedeelen, gerecht opzedeelen, e bëssen och esou wéi wa mir iwwer aner Finanzéierunge schwätzen?

Dan Kersch: Ma ech mengen Dir hutt jo och gesinn, datt d’Fabriques d’églises amgaange sinn, 280 sollen et der ronn ginn, amgaange si sech an engem Syndikat zesummenzeschléissen. Dat ass eppes wat ech nëmme ka begréissen. Ech mengen datt och den Intérêt vun der kathoulescher Kierch dorunner besteet, datt een herno déi Zuel vun deene Fabriques d’églises och wäert wierklech kënne richteg reduzéieren, datt et och eppes bréngt, datt och méi konkret, a méi rationell kann do geschafft ginn. Dat ass eng Entwécklung, déi mir vum Staat aus kënne begréissen. A fir eis geet et natierlech och drëm fir d’Gemengen aus hirer Verantwortung ze entloossen datt se mussen d’Käschten iwwerhuele vum Defizit vun enger Kierchefabrik an och d’Käschte vun de Paschtoueschhaiser. An hei hu mir, mengen ech, schonn eng Zouso vun der kathoulescher Kierch, datt se mat op dee Wee kéint goen.

Roy Grotz: Wéi ass et mat punkto Kierchesteier? Kéint Dir mat esou enger Iddi liewen, och do misst d’Regierung jo soen, mir stellen eis de Finanzement esou oder esou vir, deemno wéi Dir ofstëmmt?

Dan Kersch: Also Dir musst jo hei ënnerscheeden, mir sinn jo hei och nach an engem Diskussiounsprozess. Och dat ass, mengen ech, haut zu dësem Zäitpunkt ze fréi fir ze soe wéi d’Positioun vun der Regierung ass. Do gëtt et eng Rei vu Pisten, déi ze diskutéiere sinn. Eng vun deenen ass ouni Zweiwel d’Kierchesteier. A wann Dir mech elo perséinlech frot, da kann ech Iech soen, datt dat eng vun deene Pisten ass, déi ech kéint, déi ech mir kéint ganz gutt virstellen.

Roy Grotz: Wie géif déi da bezuelen? Nëmme Leit déi engem Culte ugehéieren?

Dan Kersch: Mä par Definitioun sinn et déi Leit, déi Kierchesteier bezuelen, déi och engem Culte ugehéieren. Am Moment bezuelt jo d’Allgemengheet Kierchesteier, wann Dir esou wëllt, well jiddweree bezilt. A wa mir géifen eng speziell Kierchesteier aféieren, da wieren et déi Leit, déi engem Culte géifen ugehéieren, well soss ass et keng Kierchesteier.

Roy Grotz: Mä d’Gesetz an den 1980er Joere vum Robert Krieps, mengen ech, seet, datt een net soll, oder kënnen d’Relioun erfroen, dat misst da geännert ginn, an da kéint bezuelt ginn. Ass dat esou?

Dan Kersch: Jo.

Roy Grotz: Nach dëst Joer, Här Kersch, sollen d’Projets de loi iwwer d’Reform am ëffentlechen Déngscht an d’Gehälterreform duerch d’Chamber. Dat ass e Projet, Projeten déi geännert ginn. De Minister Biltgen huet se 2012 eragereecht, 400 Säiten déck. Den Yves Cruchten ass Rapporter vun där Saach, en huet sech scho laang Stonnen, mengen ech, domat auseranergesat. Dir och. Et gouf nach eng Kéier, den Zousazaccord hutt Dir dëst Joer a sech nach eng Kéier konfirméiert. Bleift et bei deem do Timing? Mir héiere jo och aus deene Kreeser, an de Gewerkschaftskreeser och, de part et d’autre nei Fuerderungen, respektiv datt nach eng Kéier den Accord soll opgemaach ginn, an nei verhandelt.

Dan Kersch: Ech mengen do muss een eppes ganz kloer soen. Déi nei Regierung huet gesot, si géif deen Accord, deen déi virescht Regierung ënnerschriwwen hat, si géif deen zu 100% ëmsetzen.

D’Prämiss vun deem Accord, esou ass et op jiddwer Fall ëmmer duergestallt ginn, och nach vun deem fréiere Premier, dat war datt et u sech eng Nullronn war. Op där enger Säit géifen d’Beamten eppes bäikréien, 2,2%, an 0,9% eemoleg Joeresprim, awer nëmmen eemol ausbezuelt selbstverständlech, an op där anerer Säit géif am Beräich vun de Carrièrë géifen eng Rei vu Mesure geholl ginn, déi d’Rechnung fir de Staat géife méi bëlleg maachen.

Ech mengen et ass innerhalb vun deem Kader wou och déi nei Regierung sech beweegt huet, wou se den Accord iwwerholl huet.

Ech mengen et ass och evident datt op Grond vun där Décisioun, déi deemools geholl ginn ass, mir elo net higinn an do nach eppes wäerten drop leeën. An dat féiert dann dozou datt eenzel Beruffsgruppen net zefridde sinn. Ech kann dat zum Deel novollzéien, mä mir hu gesot, datt mir dee finanzielle Kader net wäerte sprengen, deen déi virescht Regierung gesat huet. An dobäi bleift et och.

Roy Grotz: D’Suergekand an deem do Sënn, d’Éducatioun, mat verschiddene Kategorie vun Enseignanten, déi vu sech soen, fir déi selwecht Aarbecht awer net déi selwecht Pai kréien.

Also hunn ech richteg verstanen, den Accord mam SNE gëtt net nei verhandelt, och fir d’Chargés de cours gëllt dat, an d’Éducateurs gradués, déi an eng nei Carrière reklasséiert ginn, et bleift och dobäi bei deenen hei Kategorien, déi ech ugeschwat hunn?

Dan Kersch: Dir stellt mir elo eng ganz Rei Froen, déi net a menger Verantwortung sinn, déi éischter den Éducatiounsminister betreffen. Mä ech kann Iech awer soen, datt mir net der Meenung sinn, datt mir zu dësem Zäitpunkt d’Problematik vun de Chargés de cours finanziell kënne léisen, an zwar aus engem ganz einfache Grond.

Et kann och net d’Ambitioun vun der Regierung sinn, datt an Zukunft nëmme méi Chargés de cours wäerte Schoul halen, mä d’Ambitioun muss déi sinn, datt et Proffe sinn, déi eng voll Ausbildung hanneru sech hunn, an net nëmmen eng fachspezifesch Ausbildung hunn, mä och eng pädagogesch Ausbildung hunn. An dofir ass déi Diskussioun do och mengen ech lassgeléist ze kucke par rapport zu enger Diskussioun, déi mir bei den Éducateuren, a bei den Éducateurs gradués haten. Dat war eng aner Situatioun. Ech mengen dat ass eng festgefuere Carrière, déi vun engem gewëssenen Alter bis un d’Liewensenn sech zitt. Dat sollt am Prinzip bei de Chargés de cours net de Fall sinn.

Elo weess ech datt mir vun 3.000 Enseignanten, der an der Tëschenzäit bal 1.000 hunn, déi Chargés de cours sinn. Dat weist also déi ganz Problematik vun där Diskussioun do op. Déi hu sech bis elo relativ roueg verhalen, hu sech awer elo organiséiert, an hunn och Gespréicher mat der Regierung gefuerdert. Mir wäerte se och elo eng Kéier emfänken, den Här Meisch an ech, fir mat hinnen doriwwer ze diskutéieren.

Mä ech soen et nach eng Kéier, d’Ambitioun vun all eenzelne Chargé de cours, deen d’Bedéngungen erfëllt, misst am Fong dee si fir an d’Professeschlaufbahn ze kommen, an net an där Chargés de cours Laufbahn ze bleiwen.

Roy Grotz: Mir hate ganz am Ufank vun der Émissioun iwwer Spuermesuren Rieds, och Allocatiounen déi ewechfalen, oder eppes wat bäikënnt. Wéi spillt dat da bei Staatsbeamten, Spuermesuren? Wéi contribuéiere si?

Dan Kersch: Loosst Iech iwwerraschen. Ech kann Iech just soen, datt ech mat der CGFP an deem emol net grad e Joer wou ech elo Minister sinn, ganz gutt a ganz fair Gespréicher hat, an datt ech dovunner ausginn, datt déi Mesuren, déi och zu Ongonschte vun de Staatsbeamte geholl ginn, net dozou wäerte féieren, datt eis Bezéiungen op laang Zäit vergëft wieren.

Roy Grotz: Dat heescht mir kënnen nach den nächste Mëttwoch matenee schwätzen, an Dir hinnen och an d’Ae kucken, a mir erwaarden eis iwwernächst Woch net e Streik an deem do Sënn?

Dan Kersch: Ech net.

Roy Grotz: Dir net! Et ass gutt, mir notéieren dat emol esou.

D’Reform vun de Services de secours, um Enn vun der Émissioun, ass nach en ze groussen Dossier bal fir an e puer Minutten driwwer ze schwätzen, an awer ganz vill Partner mat involvéiert. Et geet och em d’Schafe vun engem Établissement public. Wou sidd Dir do drun? An ebe just well ech sot, mat ganz ville Partner schwätzen heescht och de part et d’autre vläicht Waasser a säi Wäi schëdde fir eng Richtung ze fannen, déi eng gemeinsam ass.

Dan Kersch: Ech mengen do zielt dat selwecht wéi dat wat mir virdru schonn e puermol ugedeit haten. En Dossier wou och scho joerelaang driwwer diskutéiert gëtt, a wou d’Urgence ëmmer méi grouss gëtt.

Mir sinn am Moment an der Situatioun datt a verschiddenen Deeler vum Land net déi nämlecht Qualitéit, an och net an där nämmlechter Rapiditéit Hëllefsdéngschter kënne geleescht gi wéi dat an aneren Deeler vum Land de Fall ass. Alleng dat fannen ech schonn onakzeptabel.

Et kann net sinn, datt Leit, déi an enger méi ländlecher Géigend liewen, déi hunn a mengen Aen dat nämlecht Recht op Hëllef, an op Leeschtung wéi Leit déi an aneren Deeler vum Land liewen. Dat kréie mir awer nëmmen hi wa mir och do déi Mëttelen, déi mir zur Verfügung hunn, bündelen, wa mir Synergie schafen. An dofir dat wat elo an der Theorie ganz vill diskutéiert ginn ass, wou och an der Theorie Eenegkeet besteet, mä wou kee sech getraut huet déi waarm Gromper dann och konkret unzepaken, dat musse mir elo maachen, nämlech d’Fusioun vum Pompjeeswiesen a Protection civile Wiesen. Do si mir amgaange ganz konkret drun ze schaffen.

Ech hat virdru gesot, et soll ee sech selwer net zevill ënner Drock setzen. Mä Enn dës Joers, ufanks d’nächst Joer wäert ech do mat engem Avant-projet de loi kommen, deen da selbstverständlech och muss mat allen Acteuren diskutéiert ginn. D’Pompjeeën, déi aner Säit d’Protection civile, awer och de Syvicol, deen hei direkt concernéiert ass. An da läit och do den Däiwel am Detail. Eng gewësse Viraarbecht ass awer elo scho gemaach ginn. Mir schaffe ganz aktiv drun. An ech sinn zouversiichtlech datt mir dat hikréien. A virun allem mengen ech datt d’Leit, déi da ganz konkret am Sektor schaffen, déi um Terrain schaffen, et och vun eis erwaarden, datt mir elo endlech do hei virukommen.

Roy Grotz: Wéi ass et dann och ganz konkret mat deem Bauprojet, Kasären an Installatioune vum 112? Beim Rond-Point Gluck war jo och Rieds gaangen, am Ban de Gasperich.

Dan Kersch: Ma et geet net nëmme Rieds dovunner, do si mir elo esou wäit datt mir gläich kënnen den endgültege Projet zouzéien. Da muss e Finanzéierungsgesetz gemaach ginn, an och dat wäert an deenen nächste 6 Méint geschéien.

Roy Grotz: Nach e lescht Wuert dann zu Ärer Partei, Här Kersch. Ech wollt elo grad kucken, Dir hutt eng rout Cravatte un. Neen, Dir hutt awer guer keng un, Dir sidd neutral [gëtt ënnerbrach]

Dan Kersch: Ech war nach ni a mengem Liewen neutral, Här Grotz, an dat wäert ech och net ginn.

Dan Kersch: Dofir sëtzt Dir op engem roude Stull. Dat ass op d’mannst emol dat.

D’LSAP an d’Spuermesuren, déi mir d’nächst Woch annoncéiert kréien. Ech hat virdru vum Dag duerno geschwat. Wéi sinn déi Äre Leit ze erklären? A mir hate scho ganz am Ufank Rieds, wéi sozial si se dann?

Dan Kersch: Bein, ech mengen Dir hutt zu Recht gesot, et gëtt eng Regierung wou dräi Sensibilitéite sinn. Dat ass net ëmmer einfach. An dee Spuerpaquet dee mir wäerte presentéieren, dee muss gerecht sinn. Ech mengen dat ass jo dat wouvu mir ausginn. Wann dat net de Fall ass, da kréie mir et eise Memberen, an och eise Wieler net vermëttelt. Dofir gitt emol dovunner aus datt mir dofir gesuergt hunn, datt dee Spuerpaquet wierklech ausgewogen ass. Datt all Schichte vun der Bevëlkerung hei hiren Deel mussen dozou bäidroen, eenzelner méi wéi anerer, dat ass richteg, mä op där anerer Säit awer jiddwereen. An dat ass dat wat menger Meenung no och garantéiert ass.

Et ass eng Saach déi och kloer ass, och do sollt een de Leit näischt virmaachen. Mir hunn eng Rei vu grousse Betriber hei zu Lëtzebuerg, keng lëtzebuerger Betriber, mä auslännesch Betriber hei zu Lëtzebuerg, déi ganz vill Suen hei zu Lëtzebuerg generéieren, do sinn eis, bis op e gewëssenen Niveau, d’Hänn gebonnen, un déi Suen déi een am Fong ganz gäre géif huelen, komme mir nëmmen zum Deel. Dat ass eng vun de Problematiken, déi sech awer net nëmmen zu Lëtzebuerg stellen, mä déi sech europa- a weltwäit stellen. An dat ass eng vun deene groussen Erausfuerderunge vun der Politik weltwäit.Roy Grotz: Mir schwätzen elo vun Tax-rulings. Dat heescht, do géift Dir e bësse méi couragéiert avancéieren, wann Dir kéint?

Dan Kersch: Gutt, ech mengen ech hu vu Sensibilitéite geschwat an der Regierung. Gitt dovunner aus datt d’LSAP eng vun där Sensibilitéit ass, déi dat gäre géif maachen, wéi Dir et elo gesot hutt.

Roy Grotz: Dat wier meng Fro gewiescht. Dir sot ëmmer dat war, mir waren, mir sinn d’soziaalt Gewëssen an der Regierung virdrun, niewent der CSV. Wien ass et dann an där Dräier-Koalitioun hei, dir?

Dan Kersch: Ech mengen et geet hei net drëms ee géint deenen aneren auszespillen. Mir hunn, mengen ech, e Kompromëss fonnt. Jiddwereen, an dat ass vläicht e bëssen anescht wéi dat an der vireschter Regierung war, ech war zwar do net Member, mä ech weess awer vun de Kollegen déi an der vireschter Regierung waren, do ass séier ëmmer eng Keul erausgeholl ginn, an dat war déi 26/13, 26 CSV-Deputéierten, 13 LSAP-Deputéierten. Hei ass dat net esou.

Hei begéint ee sech op Aenhéicht, jiddwereen huet Verständnis fir deem anere seng Sensibilitéiten. An dofir gëtt vun Ufank u probéiert gemeinsam Weeër ze beschreiden. Jiddweree weess wéi wäit datt deen anere ka goen. An dofir brénge mir dat och fäerdeg, mengen ech, hei en ausgewogene Programm ze presentéieren, wou och kee sech brauch op deem anere seng Käschten ze profiléieren.

Roy Grotz: Dat heescht, Dir sidd och um Dag no der Déclaratioun vum Staatsminister nach en houferege Sozialist?

Dan Kersch: Dat wäert ech och bleiwen.

Roy Grotz: Ech soen Iech Merci fir d’Gespréich, an nach e ganz schéine Weekend mat enger schéiner Suite natierlech och vum Sonndeg.

Dan Kersch: Merci villmools!

Dernière mise à jour